top of page

CSV-DP Schwéiergeburt zu Wolz

Aktualisiert: 30. Juni 2023

Das LESERFORUM von „Privat“



Während langen Johren hun Sozialisten Geschecker vun der Gemeng Wolz geleet, well Wolz traditionell ëmmer eng Héichbuerg vun der LSAP war.


Mais näscht op deser Welt as fir Ewegkeet, an den leschten Burgermeschter, Fränk Arndt, war lo während 14 Johr un der Spëtzt vun der Gemeng.


Mais durch Gemengefusioun mat Eeschwëller as Wolzer Gemeng och é gud Steck méi ländlech gin, ergo sën do jo lo echter méi konservativ Wieler bäi komm, also echter CSV-Wieler.


Mais nët aleng dat, och as villes nët sou gelaf zu Wolz, wéi fir eng gesond Gemeng sollt sën: D’Gemeng as déi mat enger zimlech grousser Schold, an et fehlt awer nach u ganz villem zu Wolz:


Zum Beispill: - wéi fehlend oder nët genuch Parkplatzen, - den permanenten Ofbau vun bestehenden Servicer am Wëltzer Spidol, - och den Ofbau vun der Geschäftswelt zu Wolz, - an anplatz koum dann é Kannermusée Plomm, firwat och ëmmer at soll gut sin?, - an dann nët ze vergiessen: jede Menge Busser an Busser, bal all eidel, awer mat dauerndem Gerenns durch Wëltzer Strossen an iwert Dierfer.


Souguer Leit vun Knaphouschent, hun mer gesot, dass dat Gerenns vun déi villen eidelen Bussen, durch hirt klengt an schéint Dierfchen schreckkech wär!


- Och déi abenteuerlech Experimenter zu Wolz (Wolz war nach ëmmer eng Spillwiess fir Experimenter vun eiser Regierung), ewéi elo am sozialen Wunnengsbau mam Projet „Wunne mat der Wolz“, wou nach ké Mënsch kann son, ob dat der Stad Wolz nët méi nei Problemer brengt, wéi et bestehender léist, (an dat nët aleng a Sachen Verkéier asw.) oder wéi et Stad Wolz kann méi no vir brengen!


Er kurséiert elo schon de Slogan vum Ghetto zu Wolz am Land, an et as jo erecht an der Ufangs-Planung.


Elo sin Wahlen gelaf an sie waren fir sozialischtesch Partei enttäuschent, sie hun jo 1 Sëtz verluer, an CSV huet de Sëtz bei krit, an DP koum op 3 Sëtz: (5-5-3).


Wëll CSV gestärkt gouf, an LSAP geschwächt gouf, hot CSV Initiative ergraf fir é Changement herbei ze féieren, an hot dofir décidéiert mat der DP an Koalitiounsverhandlungen ze gon, wat ganz legitim an normal as.


Sou leeft dat Spill eben an der Demokratie no eisem Wahlsystem.


Dat entsprëcht och durchaus dem Wielerwëllen! - Den as hei absolut respektéiert gin!


An wien Burgermeeschter an 1. oder 2. Scheffen get, dat entscheeden nët déi perséinlech Stëmmen vun den Kandidaten, sondern ganz aleng Décisiounen von de Koalitiounsverhandlungen.


Elo koum et awer zu Wolz bei de Koalitiounsverhandlungen zu Differenzen ënnert der CSV-Equipe, well do 2 Leit eng aner Meenung haten, an léiwer mat der LSAP zesummen an eng Koalitioun gangen wiren.


Sie sin awer CSV-intern iwerstëmmt gin doran, mat 7 géint 6. Dat as och Demokratie!


An dofir koum et dun sou wéi et elo as, zu enger Schwéiergeburt bei der neier Opstellung vun Gemengenéquipe fir Gemeng Wolz.


Nët zefriddenstellend war se wuel fir den 1. an 2. Gewielten op der CSV-Lëscht, wou souguer 1 von hinnen dun seng CSV-Parteikaart ofgin huet.


Fiir Situatioun ze retten bei den Koalitionsverhandlung mat der DP, hot dun Madame Carole Petitnicolas (CSV) all hire Courage an de Grapp geholl, an stellt elo déi nei künfteg Burgermeeschterin vun Wolz.


Wichteg an richteg as: „De Biirger wollt de Wiessel“ an domat kéint elo en neie Wand an Gemeng Wolz.


An dat get elo emgesat: Zu Wolz bléist an Zukunft e schwarz-bloe Wand mat un der Spëtzt der CSV-Gemengeconseillère Carole Petitnicolas-Weigel, als nei Buergermeeschtesch vu Wolz.


Mein Respekt fir de Courage vun der neier Burgermeeschtesch vu Wolz , déi do méi Courage an Parteidisziplin gewiessen hot, wéi hir männlech Kollegen an hirer Partei.


Bonne Chance fir är nei Aufgab, Madame Carole Petitnicolas-Weigel!


An loost ech nët vun de villen Fléih, déi nach an dem langjährigen Wëltzer Gemengen-Mief sëtzen, awekkelen! - Wëll sie werten nët lang warden an zecken, bis un ärer Diir uklappen fir hir Uleies !


Pol Sassel

Comments


bottom of page