Ech hunn den 2. Mäerz 2024 e Flug gebucht fir de 26. Juni owes um 18.25 Auer op Wien ze fléien. Normalerweis e Flug vun 1 Stonn a 35 Minutten, sou dass ech misst um 20h00 zu Wien sinn.
De 26. Juni 13h14 kréien ech e Mail dass de Flug ëmgebucht ass fir em 18h10 via München op Wien ze fléien, Arrivée um 22h45, also 2 an eng hallef Stonn méi spéit wéi geplangt. Dat well de geplangten Fliger en technesche Problem huet an duerch méi e klengen ersat gëtt, wou awer dann e puer Läit net kenne matfléien, dorënner ech.
Als pünktleche Passagéier si mer dann 2 Stonne virum Depart (16h00 ) um Flughafen, wou et dann heescht de Fliger hätt Verspéidung fir dann um 19h38 per SMS informéiert ze ginn dass de Flug annuléiert wier. D’Valise recuperéiert a mengem Chauffeur telefonéiert vir mech no 4 Stonnen um Findel erëm sichen ze kommen.
De Vol vun der Luxair de 27. Juni Mueres wéi och Mëttes si komplett, eng Propose fir mueres um 6 Auer iwwer Paräis op Wien hunn ech net ugeholl, mir eenegen äis fir dann de 27. Juni owes um 18h10 op Wien ze fléien.
Wéi den Dag virdrun erëm mat Zäiten um Findel, vir dann um 17h10 informéiert ze ginn de Flug hätt Verspéidung an dann um 19h27 komplett annuléiert ze ginn. Nach eng Kéier d’Gepäck erëm sichen an dem Chauffeur telefonéiere fir mech sichen ze kommen.
Nächst Propose: Freides den 28. Juni um 12h45 iwwer Nice op Wien. OK. Ech setzen emol am Fliger, dat ass schonn eppes. Mä nach ass Nervegeschicht net um Enn, well zu Nice sinn nëmme 45 Minutten zur Verfügung vir den Transfert, an zu Lëtzebuerg starte mer scho mat 10 Minutte Verspéidung. Zu Nice da séier an den anere Fliger, et klappt. De Start do mat enger Stonn Retard. Endlech lande mer zu Wien, wann och do mat enger Stonn Verspéidung (17h30 Auer statt 16h35 Auer), awer leider nach ouni Gepäck. Dat koum eréischt Samschdes géint 11h00 zu Wien un, dofir och do erëm e Chauffeur fir nach eng Kéier op de Flughafen ze fueren.
Fazit: Mat 45 Stonne Verspéidung zu Wien ouni Gepäck ukomm, 60 Stonne mat der Valise, am ganze 5 Mol (Chauffeur) de Wee vun doheem op de Findel an 2 Mol de Wee vu Wien op de Flughafen zu Wien. Vun den Nerven net ze schwätzen
Der Luxair hier momentan Proposen als Entschiedegung: 350 € als Bong (2 Joer valabel) oder 250 € bor. Ass dat net lächerlech ?
E.L.
Wir sind eine Informationsseite, keine Kommentarseite.
Wollen Sie einen Artikel oder ein Buch kommentieren,
Commenti